Medezinesch-technesch*e Radiologieassistent*in (MTRA)

Définition générale

D'medezinesch-technesch Radiologieassistentin/de medezinesch-teschneche Radiologieassistent (MTRA) ass e Member vum medezinesche Personal, deen an der medezinescher Bildveraarbechtung, an der Nuklearmedezin oder an der Stralentherapie spezialiséiert ass. Si/hien huet gläichzäiteg Aufgaben an der Fleeg an an der Medezintechnik, wou si/hie fir d'Benotze vun High-Tech-Apparater zoustänneg ass.

Si/hie schafft am Kontakt mam Patient, mat sengem Ëmfeld a mam medezinesche Fleegepersonal. D'/den MTRA ass an der pluridisziplinärer Equipe eng Vertrauensreferenz fir de Patient, an engem Moment vun Angscht oder Onsécherheet. Si/hie muss de Stress bewältegen a berouege kënnen.

Aufgaben a Verantwortung

D'/den MTRA këmmert sech ëm den Empfang, d'Informatioun an d'Virbereedung vum Patient.

Op de Bildveraarbechtungsstatioune féiert d'/den MTRA vun engem Dokter verschriwwen diagnostesch Ënnersichungen duerch (konventionell Radiologie, Kannerradiologie, Neuroradiologie, Interventiounskardiologie, Interventiounsradiologie, Mammographie, Computertomographie an IRM).

An der Nuklearmedezin huet d'/den MTRA d'Aufgab, radiopharmazeutesch Substanze virzebereeden an dem Patient se anzeginn, fir ze gesinn, wéi verschidden Organer funktionéieren, a fir Daten ze sammelen, déi et dem Dokter erméiglechen, Krankheeten an engem fréie Stadium vun hirem Verlaf ze diagnostizéieren.

An der Stralentherapie betreit si/hien de Patient wärend enger therapeutescher Behandlung mat ioniséierende Stralen. An deem Kader huet si/hien d'Aufgab, de Patient wärend där ganzer Behandlung ze begleeden an en ze ënnerstëtzen.

Si/hie kann sech och ëm den Empfang an ëm déi pädagogesch Begleedung vu Studenten an neie Mataarbechter këmmeren oder och nach ëm d'Qualitéitskontroll, ëm d'Bewäertung vun de Resultater, ëm d'Organisatioun an ëm d'Plangen op enger Bildveraarbechtungsstatioun. Doriwwer eraus kann si/hien sech och an der Recherche am Beräich vun der medezinescher Bildveraarbechtung abréngen.

Aktivitéitsberäicher

  • Medezinesch Bildveraarbechtungsstatiounen
  • Fleegestatiounen
  • Operatiounssäll
  • Nuklearmedezinstatiounen a Stralentherapiestatiounen
  • Poliklinicken an Urgencen

Ausbildung zu Lëtzebuerg

  • De Bachelor ATM de radiologie gëtt fir d'Rentrée 2025 op der Uni.lu ugebueden. D'Aschreiwunge sinn elo op.

Verlaf vun der Ausbildung

  • Fir méi Informatioune consultéiert d'Internetsäit vun der Uni.lu