Instagram

Healthcareers Luxembourg

Luxembourg, Luxembourg
People interact at a health careers event booth with a large branded backdrop.

🎓 2 Deeg voller Austausch op der Studentefoire! Haut de Mëtteg ass eis Präsenz als Exposant op en Enn gaangen. Wärend de leschten 2 Deeg konnt d'Ekipp Healthcareers.lu ville Studente Beruffer am Gesondheetssecteur méi no bréngen. Besonnesch gefreet huet eis déi gutt Zesummenaarbecht notamment mat der alem.lu, der uni.lu an dem Service de l’Orientation Professionnelle vun der adem.lux. Hand an Hand konnte mir de Visiteure mat hire Froe weiderhëllefen an hinnen déi richteg Kontaktpersounen uginn🤝 E grousse Merci un d’Organisateuren, d’acelluxembourg an de Ministère fir Fuerschung an Héichschoul! 🙌 sante.lu #Healthcareers #Studentefoire #Gesondheetsberuffer

Healthcareers Luxembourg

Luxembourg, Luxembourg
Seven people pose for a photo in front of a presentation screen displaying health careers information.

🎓🚐 Healthcareers on Tour am lensterlycee_int._school bei der Table ronde „Zoom my Career“ 🙏🏻 E ganz grousse Merci un de Lënster Lycée a seng Schüler fir de flotte Empfang! 👏 Merci och un eis Ambassadrice an Ambassadeuren, déi mat vill Begeeschterung déi verschidde Gesondheetsberuffer virgestallt hunn an op déi vill Froe vun de Jonken agaange sinn. sante.lu | gouvernement.lu

Healthcareers Luxembourg

Luxembourg, Luxembourg
A poster for the 40th edition of studentefoire, scheduled for october 29–30, 2026, at coque in luxembourg-kirchberg.

🇱🇺Healthcareers.lu ass op der Studentefoire 2026! Du interesséiers dech fir de Gesondheets- a Fleegesecteur ? 👩🏼 ⚕️👨🏻 ⚕️
Da komm laanscht an entdeck vill Carrières- a Formatiounsméiglechkeeten. Probéier och däi Gléck bei eise Quizzer a gewann flott Präisser🎁🎉 📍COQUE Luxembourg-Kirchberg, Zon „Beruffer & Carrièren“, Stand 177. • 29. Oktober, 9-18 Auer • 30. Oktober, 9-16 Auer Mir freeën eis op dech! 🙌🏻 🇫🇷Healthcareers.lu sera à la Foire de l’Étudiant 2026 ! Tu t’intéresses au secteur de la santé et des soins ? 👩🏼 ⚕️👨🏻 ⚕️ Viens nous rencontrer pour découvrir les nombreuses possibilités de carrière et de formation. Participe également à nos jeux concours et remporte de superbes prix.🎁🎉 📍COQUE Luxembourg-Kirchberg, zone « Professions et Carrières », stand n° 177 • 29 octobre de 9h00 à 18h00 • 30 octobre de 9h00 à 16h00 Nous avons hâte de te rencontrer ! 🙌🏻

Healthcareers Luxembourg

Luxembourg, Luxembourg
A woman in a blue uniform assists a person using an ergotherapy device, promoting the world ergotherapy day on october 27.

Weltdag vun der Ergotherapie 💚 Zu dësem Ulass wëlle mir d’Roll vun den Ergotherapeut:innen an de Mëttelpunkt stellen! 🙌 Si hëllefen, d’Liewensqualitéit vu Persounen ze verbesseren, déi eng Behënnerung hunn oder temporär oder dauerhaft an hire Fäegkeeten ageschränkt sinn. Dës Aschränkunge kënnen op en Accident, eng Krankheet, eng kierperlech, psychesch oder geeschteg Behënnerung oder eng Entwécklungsstéierung zeréckzeféieren sinn. Ergotherapeut:innen ënnerstëtzen all Persoun dobäi, hir Fäegkeeten auszebauen, passend Léisungen ze fannen an hiert Ëmfeld unzepassen. Esou fërdere si hir Selbststännegkeet an hir Participatioun am Alldag, bei der perséinlecher Fleeg, op der Aarbecht an an der Fräizäit. ✨ 🔎 Du wëlls méi iwwer dëse spannende Beruff gewuer ginn? Da besich eis Websäit healthcareers.lu! 💻 🇫🇷 Journée mondiale de l’ergothérapie 💚 Aujourd’hui, nous mettons à l’honneur les ergothérapeutes ! 🙌 Ils jouent un rôle essentiel pour améliorer la qualité de vie des personnes en situation de handicap ou de perte d’autonomie, que celle-ci soit liée à un accident, une maladie, un handicap physique, psychique ou mental, ou à un trouble du développement. L’ergothérapeute accompagne chaque personne pour développer ses capacités, trouver des solutions adaptées et aménager son environnement afin de favoriser son autonomie et sa participation au quotidien, aux soins personnels, au travail et aux loisirs. ✨ 🔎 Tu souhaites en savoir plus sur ce métier passionnant ? Rendez-vous sur notre site healthcareers.lu ! 💻

Consultez le blog

Découvrez les métiers