Sudentefoire (25.10) Zweeten Dag

Déi traditionell Studentefoire, déi vum Ministère fir Fuerschung an Héichschoul an enker Zesummenaarbecht mat der ACEL (Association des cercles d'étudiants luxembourgeois) organiséiert gëtt, fënnt de 24. a 25. Oktober 2024 um Campus Belval statt.

D'Foire wäert iwwer verschidden Espacë verdeelt ginn:

  • Maisons du Savoir,
  • Luxembourg Learning Center,
  • Virtuell Ausstellung (vum 16. Oktober 2024 bis den 3. Januar 2025)

Um Campus Belval wäerten d' Participanten an dësen zwee Deeg d'Méiglechkeet hunn iwwer Héichschoul a Studenteliewe vu méi wéi honnert Aussteller op der Plaz ze léieren. Si kënnen also direkt mat Vertrieder vun Universitéiten an Héichschoule wéi och mat Studentevereenegungen interagéieren.

Typ:
Foire
Uert:
Campus universitaire de Belval
Datum:
Den 25.10.2024 vun 09:00 bis 17:00
Sprooch(en):
Englesch, Franséisch, Däitsch, Lëtzebuergesch

Entdeckt d'Gesondheetsberuffer !

Op der Studentefoire hunn d’Schüler och d’Méiglechkeet eng ganz Rei Beräicher an der Aarbechtswelt ze entdecken. Fir déi, déi u Gesondheetsberuffer interesséiert sinn, invitéiere mir an de Luxembourg Learning Center  (Salle Ellipse, 1. Stack). Do kënnt Dir Experten treffen an Är Froen stellen.

Am Kader vun der Promotiounscampagne "Healthcareers.lu" presentéieren do Vertrieder vun der FHL a vun der Copas Iech déi vill Méiglechkeeten, déi et am Spidolssecteur wéi och am Hëllefs- a Fleegesecteur gëtt.

D’Präsentatioune vun der FHL a vun der Copas sinn de 24. a 25. Oktober jeeweils moies a mëttes: 

  • vun 9:30 bis 10:00 a
  • vun 13:50 bis 14:20.
  • Wou? Luxembourg Learning Centre um Campus Belval (Salle Ellipse, um 1. Stack)

D’Campagne « Healthcareers.lu » ass bis den 3. Januar 2025 och am virtuellen Deel vun der Studentefoire ze fannen, an zwar, ënnert der Rubrik   « MONDE DU TRAVAIL ET VIE ASSOCIATIVE » .

Méi Informatioune fannt Dir um Internet site vun der Studentefoire :