Den Hëllefs- a Fleegesecteur
Aktualiséiert den
Den Hëllefs- a Fleegesecteur
Den Hëllefs- a Fleegesecteur bitt jonken Diploméierten eng Villfalt u Karriärsméiglechkeeten. Am Fokus vun der Aarbecht an dësem Secteur stinn déi tëschemënschlech Bezéiungen. Dat ass och ee vun den Haaptgrënn, wisou d'Personal dësem Beräich an der Reegel wärend senger ganzer berufflecher Karriär trei bleift. D'Fleeg an d'Betreiung vu Persounen iwwert e puer Méint oder Joren erméiglecht den Opbau vun enger Bezéiung, déi op richtegem Vertraue berout. Fir eng optimal Betreiung ze garantéieren, bestinn déi zoustänneg multidisziplinär Equippe ë. a. aus Aide-soignanten, Infirmieren oder och nach Therapeuten.
De Secteur ëmfaasst verschidden Aktivitéitsberäicher:
- Wunnstrukture fir eeler Leit;
- Dagesfoyere fir ofhängeg Persounen oder Persoune mat enger Beanträchtegung;
- Betreiung doheem fir Persoune vun all Alter;
- Wunnstrukture fir Persoune mat enger Beanträchtegung;
- Psychiatresch Servicer ausserhalb vum Spidol.
Wärend der gesamter Karriär ginn eng sëllege Méiglechkeete gebueden:
- Favorabel Konditioune beim Loun (Zouschléi, Primmen) a Berécksiichtegung vum Gläichgewiicht tëscht Beruff a Privatliewen (Congé, speziell Congéen, zousätzlech altersgebonne Congésdeeg ...), flexibel Aarbechtszäiten;
- Ausbau vun de Kompetenzen duerch Weiderbildung;
- Méiglechkeeten, de Posten ze wiesselen oder, jee no verfügbaren Optiounen, innerhalb vun der Karriär ze evoluéieren, mat der Unerkennung vun der gesammelter Erfarung am SAS-Secteur;
- Eng reegelméisseg Gehaltsupassung op der Grondlag vun enger offizieller Gehältertabell.
Wunnstrukture fir eeler Leit:
Wunnstrukture fir eeler Leit si Strukturen an deenen eeler Leit wunnen an do, vu multidisziplinären Ekippe betreit a versuergt ginn. D'Residentë liewen an enger Communautéit an hunn d‘Méiglechkeet un individuellen- a Gruppenaktivitéiten deelzehuelen. Si gi vu multidisziplinären Ekippe betreit, déi aus Therapeuten, Infirmieren, Aide-soignanten a sozio-familiär Hëllef bestinn, déi Basisversuergung, Infirméiersversuergung a Palliativversuergung bereetstellen.