Psychotherapeut·in
Aktualiséiert den
Allgemeng Definitioun
E Psychotherapeut oder eng Psychotherapeutin behandelt mat unerkannte psychologesche Methode psychesch Stéierunge bei Erwuessenen, Jugendlechen a Kanner. Eng Psychotherapie ass eng psychologesch Behandlung vu psychesche Stéierungen, Verhalensstéierungen oder anere Problemer, déi psychescht Leed oder eng psychesch Belaaschtung verursaachen. Si huet als Zil, dat psychescht Wuelbefannen an d’Bezéiunge mat anere Mënschen ze verbesseren.
Dobäi gi positiv Verännerungen am kognitiven an emotionale Beräich, am Verhalen an an de Bezéiunge mat anere Mënsche gefërdert. Dës Behandlung geet iwwer eng psychologesch Begleedung bei alldeegleche Schwieregkeeten oder eng Berodung an Ënnerstëtzung eraus. Si ass Deel vun engem strukturéierten therapeutesche Prozess, deen et der betraffener Persoun erméiglecht, positiv an dauerhaft Verännerungen ze erreechen.
Aufgaben a Verantwortung
Bei der psychotherapeutescher Behandlung hält de Psychotherapeut oder d’Psychotherapeutin sech un déi berufflech an deontologesch Reegelen, déi fir de Beruff gëllen. Dobäi setzt de Spezialist unerkannt psychotherapeutesch Methoden an, fir d’mental Gesondheet an d’Wuelbefanne vun der betraffener Persoun ze verbesseren. Dat fachlecht Wësse muss dofir reegelméisseg aktualiséiert a kontinuéierlech weiderentwéckelt ginn.
De Psychotherapeut oder d’Psychotherapeutin trëfft all néideg Moossnamen, fir d’Kontinuitéit vun der psychotherapeutescher Prise en charge vun de behandelte Patienten ze garantéieren. Wann de Gesondheetszoustand oder d’Besoine vum Patient iwwer säi Kompetenzberäich erausginn, muss de Spezialist eng aner qualifizéiert Fachpersoun mat abezéien oder de Patient un dës Persoun weiderverweisen, fir eng ugepasste Prise en charge ze garantéieren.
Aktivitéitsberäicher
- Spidolswiesen (Psychiatrie)
- Selbstänneg Aarbecht
- Dokteschcabineten
- Psychiatresch Ariichtungen
- Fleegeheimer / Wunnheemer fir Senioren
- Ariichtunge fir Kanner a Jugendlecher
- Ariichtunge fir Persoune mat engem Handicap
Ausbildung
- D'Formatioun gëtt zu Lëtzebuerg an am Ausland ugebueden. Kuckt op der Säit mengstudien.public.lu d’Sektioun „Études“ vum Ministère fir Fuerschung an Héichschoul fir méi Informatiounen iwwer dës Studien am Ausland.
- Wichteg: Informéiert Iech virdrun iwwer d’Unerkennung vum Diplom beim Ministère fir Fuerschung a Héichschoulbildung.