Apdikter·esch
Aktualiséiert den
Allgemeng Definitioun
D’Apdiktesch/Den Apdikter ass zoustänneg fir d’Erausgi vu Medikamenter, egal ob se rezeptflichtegt sinn oder fräi verkaf ginn. Si/hien ass en éischte Uspriechpartner am Gesondheetssystem a suergt fir den Accueil an d’Orientéierung vu Persoune mat liichte Krankheeten, gängege Symptomer, Berodungsufroen oder Situatiounen, déi eng Versuergung nuets iwwer den Déngscht (service de garde) erfuerderen. D’Apdiktesch/Den Apdikter garantéiert de richtege Gebrauch vu Medikamenter, kontrolléiert d’Konformitéit vun all de medezinesche Prescriptiounen (Dosen, Interaktiounen, Konterindicatiounen, Allergien), suergt fir e séchert Erausgi vun de Medikamenter a passt drop op, datt d’Behandlung dem Zoustand vun der Persoun ugepasst ass.
D’Apdiktesch/Den Apdikter ass eng wichteg Tëschepersoun tëscht Patient a Dokter, well si / hien erkläert, wéi een d’Medikamenter hëlt, a kontrolléiert, datt d’Behandlung richteg agehale gëtt. Si/Hien dréit domat zur Kontinuitéit vun de soins bäi. A senger Apdikt këmmert sech si/hien och ëm d’Gestioun vun der Konzessioun a koordinéiert d’Ekipp (pharmaciens salariés, préparateurs en pharmacie, assistants en pharmacie).
Aufgaben a Verantwortungen
D’Apdiktesch/Den Apdikter kuckt all Ordonnance no. Si/hien iwwerpréift d’Dosen, méiglech Problemer tëscht Medikamenter an ob alles passt. Sou suergt si/hien dofir, datt d’Medikamenter sécher erausgi ginn. Si/hien erkläert och, wéi een d’Medikamenter hëlt, an hëlleft dem Patient, seng Behandlung richteg anzehalen. Si/Hien gëtt dobäi och Rotschléi fir d’Medikamenter richteg ze benotzen.
Bei gängege Symptomer oder liichte Krankheete kuckt si/hien sech d’Situatioun un, proposéiert eng passend Behandlung a verweist, wann néideg, un en Dokter/eng Doktesch.
D’Apdiktesch/Den Apdikter suergt och dofir, datt een ëmmer Medikamenter kritt, och nuets oder um Weekend iwwer den Déngscht (service de garde). An der Apdikt organiséiert si/hien den Alldag a schafft mat senger Ekipp, fir datt alles gutt funktionéiert.
Aktivitéitsberäicher
- Spidolsapdikten
- Apdikten
- Pharmazeutesche Secteur
- Fuerschung an Enseignement
Ausbildung
- D’Formatioun gëtt am Ausland ugebueden.
- Informéiert Iech beim Ministère fir Fuerschung an Héichschoul, fir Är Studien unzefänken.
- Wichteg: Informéiert Iech virdrun iwwer d’Unerkennung vum Diplom beim Ministère fir Fuerschung a Héichschoul.