Hiewan

Allgemeng Definitioun

D'Hiewan (Fra/Mann) begleet déi schwanger Fra an den zukünftege Papp wärend der Schwangerschaft a bei der Gebuert.

Si/hie gëtt der Mamm an dem Neigebuerenen déi néideg Fleeg a se beréit d'Fraen, besonnesch iwwer d'Nieren an d'Verhidden. Si/hie féiert bei der Mamm a beim Neigebuerenen déi noutwenneg Behandlungen am Beräich vun der postnataler Fleeg duerch.

Iwwert déi postnatal Period eraus gëtt si/hien dem Neigebuerene sengen Eltere Rotschléi an de Beräicher vun der Ernierung an der Gesondheetserzéiung.

Aufgaben a Verantwortung

Si/hie bedeelegt sech och un der Organisatioun vun Aktioune fir d'Gesondheet ze fërdere gradewéi un der Begleedung an un der Ausbildung vu Studenten an neie Mataarbechter oder och nach un der Recherche.

Aktivitéitsberäicher

  • D'Hiewan schafft an enger pluridisziplinärer Equipe. Si/hie begleet d'Frae wärend hirer ganzer Schwangerschaft, bei der Gebuert a wärend där Zäit no der Gebuert, fir beschtméiglech op der Mamm, den Elteren, dem Kand an de Gesëschter hir Bedierfnesser ze reagéieren. Si/hie féiert verschidden Ënnersichungen duerch, si/hien aktualiséiert déi medezinesch Dossieren, deemno wéi ass si/hie bei Gespréicher virun an no Operatiounen derbäi a se féiert spezifesch Fleegemoossnamen an technesch Handlungen duerch, fir d'Qualitéit an d'Sécherheet vun der Fleeg ze garantéieren. 

Hir/seng Kompetenze berouen op engem erweiderte physiologesche Wëssen, dat duerch genee Kenntnisser iwwert fortgeschratten Technologien an der Gebuertshëllef an an der Neonatologie ergänzt gëtt. Doriwwer eraus komme fundamental psychosozial Elementer, fir all Fra hir Fäegkeet unzegesinn, sécher mat hirer Schwangerschaft, hirer Aarbecht, der Gebuert an der Betreiung vun hirem Neigebuerenen eens ze ginn.

  • Hiewanen üben hire Beruff a Maternitéen (Consultatiounen, Statioune fir medezinesch ënnerstëtzt Fortplanzung, Salle d'accouchement, Statioune fir Gynekologie/Gebuertshëllef), a fräiberufflechen Hiewanepraxissen oder doheem aus.
  • Si kënnen och bei Associatiounen oder bei Institutiounen agestallt ginn, déi sech ëm Familljenënnerstëtzung këmmeren, gradewéi a Recherche- oder Ausbildungsinstituter.

Ausbildung zu Lëtzebuerg

  • Brevet de Technicien Supérieur (BTS) Sage-femme (Dauer 3 Joer; 180 ECTS) am Lycée Technique pour Professions de Santé (LTPS).
  • Am Prinzip, gëtt vun 2025/2026 un e Bachelor Sage-femme op der Uni.lu ugebueden

D'Ausbildung entsprécht der EU-Richtlinn 2005/36/CE an erméiglecht eng automatesch Diplomunerkennung an deenen aneren EU-Memberstaaten.

Verlaf vun der Ausbildung

  • Den Ausbildungsprogramm besteet aus theoretesche Coursen (theoretesch an am Labo) an enger klinesch-praktescher Ausbildung. Simulatioune mat sophistiquéierte Poppen oder mat speziell ausgebilten Acteuren am LTPS si wichteg Bestanddeeler vun dëser Ausbildung.
  • Déi klinesch-praktesch Ausbildung verleeft a sämtleche Maternitéen an op Gynekologiestatiounen a Spideeler, a fräiberufflechen Hiewanepraxissen an doheem.