Healthcareers op der Yep!-Schoulfoire 2024

Op der leschter Editioun vun der ,,Yep!-Schoulfoire'', déi vum 21. bis den 23. Abrëll 2024 an der LuxexpoTheBox stattfonnt huet, hunn de Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet, de Lycée Technique pour Professions de Santé (LTPS), DeWidong, d'Fédération des hôpitaux luxembourgeois (FHL), an d'COPAS, de gemeinsame Stand „Healthcareers.lu“ animéiert. Dëse Stand huet verschidden Atelieren an Animatioune fir déi Jonk ugebueden dorënner den Atelier Reanimatioun, den Atelier Verband, de Virtual Reality  Atelier, ewéi och e Quiz iwwer d'Gesondheetsberuffer an Presentatiounen iwwer Beruffer am Spidols- an am  Hëllefs- a Fleegesecteur.