Nei Kommunikatiounswelle fir d‘ Campagne Healthcareers.lu
Aktualiséiert den
Vum 15. Dezember 2024 bis de 14. Februar 2025 fënnt eng nei Healthcareers Kommunikatiounswelle statt.
Wärend dëser Period, kënnt Dir Affichë vun der Campagne op verschidde strategesche Plaze gesinn, wéi zum Beispill op de Bussen, an de Bus- an Tramhaltestellen, op de Bildschiermer an den Trammen, souwéi an den Akafszentre. D‘Campagne wäert och op der Stater Gare an a op 24 aner CFL-Garen ze fanne sinn, wat eng maximal Visibilitéit iwwer d’ganz Land garantéiert.
Zousätzlech zu dësem Affichage, ginn och Spotten am Radio, op der Televisioun an am Kino diffuséiert, fir d' Zilgruppen iwwert verschidde Plattformen ze erreechen.
Haalt Aen an Oueren op a zéckt net fir eis Är Meenung zu dëser Campagne ze ginn.