Healthcareers op den Tram-Arrête vum 10.06.-16.06.2025
Aktualiséiert den
Vum 10. bis de 16. Juni leeft am Kader vun Healthcareers.lu eng nei Werbecampagne an den Tram-Arrête.🚉
Follgend 9 Gesondheetsberuffer gi wärend dëser Aktioun virgestallt:
- Aide-soignant
- Infirmier
- Infirmier an der Pediatrie
- Infirmier an der Anästhesie a Reanimatioun
- Infirmier an der Psychiatrie
- Medezinesch-technesche Chirurgie-Assistent (ATM de chirurgie)
- Medezinesch-technesche Radiologie-Assistent (ATM de radiologie)
- Hiewan
- Generalist (Hausdokter)
D'Formatioune fir dës Beruffer ginn op der Universitéit Lëtzebuerg oder op der l’École nationale de la santé (Ensa) ugebueden. D'Säite fir sech anzeschreiwen, sinn op de Siten uni.lu an ensa.lu verfügbar.
Parallel zu dëser Aktioun wäert an den nächsten Deeg en Instagram-Gewënnspill 🎉lancéiert ginn, wou Dir d'Méiglechkeet kritt iwwerraschend Präisser ze gewannen.
Bleift dobäi, a verpasst dës eemoleg Geleeënheet net!