Healthcareers Giveaway
Aktualiséiert den
Vum 10. – 16. Juni 2025 fënnt eng nei Healthcareers Kommunikatiounswell statt. Wärend dëser Period, ginn néng Gesondheetsberuffer op den Tramsarrêten an der Stad Lëtzebuerg virgestallt. Et handelt sech heibäi ëm Gesondheetsberuffer, déi als Formatioun entweder vun der Uni Lëtzebuerg oder vun der École nationale de la santé (Ensa) ugebuede ginn.
Parallel zur Kommunikatiounscampagne, lancéiert de Ministère och e Gewënnspill op Instagram: den «Healthcareers Giveaway». Bis de 17. Juni 2025, ginn et sechs Präisser ze gewanne:
- Éischte Präis : Zwee Entréesticketen (mat der Lokatioun vun de Schong) am BLOCX - Urban Fitness à Esch/Belval.
- Zweeten an drëtte Präis : Zwee Entréestickete fir e Kloter-Tour am Parc Le’h Adventures zu Diddeleng.
Participéiere kënne Persounen, déi mindestens 13 Joer al sinn.
Fir um Gewënnspill deelzehuelen:
1. Liket dës Publikatioun op Instagram
2. Markéiert zwee Frënn, mat deenen Dir gäre klamme gitt
3. A followt eis op Instagram: @healthcareers.lu
Fir Är Gewënn-Chancen ze erhéijen: Halt d’Aen op beimTramsarrêt ! Wann Dir eng Affiche vun eiser Campagnegesitt, maacht eng Foto vun der Affiche, deelt se an ÄererInstagram-Story a vergiesst net eis ze taggen an den Numm vum Tramsarrêt dobäi ze setzen. Schéckt eis e Screenshot vun ÄererStory per Mail un: info@healthcareers.lu
Fir méi Informatiounen zum Concours, kuckt op eisen Instagram-Account:
https://www.instagram.com/healthcareers_luxembourg/
D’Gewënner ginn den Dënschdeg, 17. Juni 2025 ausgeloust.
D'Gewënner gi per Instagram Noriicht vum Healthcareers Team kontaktéiert.
Maacht mat! D’Campagne ass bis e Méinden, de 16. Juni 2025, ze gesinn.
Vill Gléck!