Zwee Deeg Austausch op der Studentefoire 2026

Den 29. an den 30. Oktober 2026 war de Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet (M3S) op der Studentefoire vertrueden, fir seng Campagne Healthcareers.lu virzestellen, déi d’Gesondheets- a Fleegeberuffer méi bekannt maache soll.

D’Ekipp Healthcareers.lu huet de Studente d’Gesondheets- a Fleegeberuffer op eng spilleresch Aart a Weis méi no bruecht: mat Quizzen an engem KI-Photobooth. Mat Hëllef vu kënschtlecher Intelligenz konnten d’Visiteuren eng Foto vun sech an engem Gesondheetsberuff erstellen an esou eng Iddi dovu kréien, wéi si an där Roll kéinten ausgesinn.

Zesumme mat aneren Aussteller, dorënner d’Association Luxembourgeoise des Etudiants en Médecine (ALEM), d’Uni Lëtzebuerg (UNI.lu), an de Service d’Orientation Professionnelle vun der Agence pour le Développement de l’Emploi (ADEM), huet d’Ekipp Healthcareers sech mat de Studenten iwwer Ausbildungsméiglechkeeten a Beruffer am Gesondheets- a Fleegesecteur ausgetosch.

D’Presenz vun Healthcareers.lu op der Studentefoire huet also dozou bäigedroen, d’Gesondheets- a Fleegeberuffer bei de jonke Leit méi siichtbar ze maachen. De Stand vun Healthcareers.lu war och eng wichteg Ulafstell fir Lycéesproffen, déi Gesondheets-a Fleegeberuffer op hiren nächsten Orientéierungsdeeg virstelle wëllen.