Healthcareers.lu : Sensibiliséierung fir Gesondheetsberuffer um Fieldgen
Aktualiséiert den
Den 19. Mäerz 2025 ass Healthcareers.lu um Fieldgen presentéiert ginn. Dat war d’Geleeënheet fir e puer Klasse méi no un d’Gesondheetsberuffer erunzeféieren an si iwwert dëse wichtege Beräich opzeklären. DeWidong war mat dobäi a konnt mat spannenden Aktivitéiten d’Schüler begeeschteren.
DeWidong huet zwee Atelieren organiséiert an d‘ Schüler implizéiert: Den éischten Atelier war iwwer d’Réanimatioun, wou d’Schüler mat Hëllef vu Poppen, vum Erwuessene bis hin zu engem klenge Kand a souguer engem Puppelchen, praktesch Übunge maache konnten.
Den zweeten Atelier war iwwer CRM (Crew Resource Management), wou d’Schüler Team-Building-Übunge gemaach hunn, fir hir Zesummenaarbecht ze stäerken, eng essenziell Fäegkeet am Gesondheetssecteur.
Ausserdeem huet DeWidong eng Presentatioun iwwert de Beruff Hiewan gehalen, fir dëse Beruff de Schüler méi no ze bréngen an ze erklären, wéi wichteg en ass a wéi eng Aufgaben domat verbonne sinn.