Healthcareers.lu an der École privée Marie-Consolatrice

École Privée Marie-Consolatrice huet, an Zesummenaarbecht mat Healthcareers.lu, 2 hallef Deeg (31.03 + 02.04) de Gesondheetsberuffer gewidmet:

Den éischten Dag kruten d’ Schüler aus den „GPS“-Klassen d'Healthcareers.lu-Campagne mat de Video Temoignagë virgestallt a si hunn a Workshops deelgeholl, déi vun der ENSA a vun der Associatioun DeWidong geleet goufen. Um zweeten Dag, kruten si vun enger Vertriederin vun der UNI.lu d' Formatioune virgestallt. Uschléissend hunn zwee Gesondheetsberuffler hire Beruff presentéiert: en ATM de Radiologie vum Centre Hospitalier Emile Mayrisch (CHEM) an eng Aide-Soignante vun der Stëftung Hëllef Doheem.

Dës zwee beräicherend Deeg hunn et de Schüler a Schülerinnen erméiglecht, eng méi konkret Virstellung vun dësem dynamesche Secteur ze kréien.