Healthcareers Giveaway op Instagram

Vum 15. Dezember 2024 bis de 14. Februar 2025 fënnt eng nei Healthcareers Kommunikatiounswell statt. Wärend dëser Period, kënnt Dir Affichë vun der Campagne „Healthcareers.lu“ op verschidde ëffentleche Plaze gesinn.

Parallel zu dëser Kommunikatiounswell, start de Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet op Instagram e Concours, den "Healthcareers Giveaway", bei deem bis den 19. Februar 2025, 12 Kinosticketen ze gewanne sinn. Participéiere kënne Persounen, déi mindestens 13 Joer al sinn. 

Fir deelzehuelen, maacht einfach eng Foto vun engem Plakat mat eiser Campagne, passt op, datt Dir de Standuert an, wann et méiglech ass, Iech selwer op der Foto mathuelt, an deelt dëst Foto dann an enger Story op Ärem Instagram. Detailer fannt Dir op eisem Instagram: https://www.instagram.com/healthcareers_luxembourg/

D'Gewënner ginn all Mëttwoch oder Donneschdeg gezunn:

  • 5.02/06.02.2025
  • 12.02/13.02.2025
  • 19.02/20.02.2025

D'Gewënner gi per Noriicht vum Healthcareers Team kontaktéiert.

Maacht elo mat an amuséiert iech mat eiser Campagne!