M3S mat „Healthcareers.lu“ op der HWL 2026

De Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet huet mat « Healthcareers.lu »un der Healthcare Week Luxembourg deelgeholl


Am Kader vun der Healthcare Week Luxembourg (HWL),  déi vum 29. September bis den 1. Oktober 2026 an der Luxexpo TheBox stattfonnt huet, huet de Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet (M3S) op sengem Stand seng national Sensibiliséierungscampagne „Healthcareers.lu“ virgestallt, déi de Gesondheets- a Fleegeberuffer gewidmet ass.

D’Visiteure konnten déi wichtegst Aktiounen entdecken, déi an de leschten 12 Méint am Kader vun „Healthcareers.lu“ ëmgesat goufen. Dorënner waren nei Videoinhalter, Interventiounen an de Lycéeën, Aktivitéiten op de soziale Medien an Affichagecampagnen am ëffentleche Raum.

Zu den neie Videoinhalter gehéiert eng Serie, déi an Zesummenaarbecht mat der Fédération des hôpitaux luxembourgeois (FHL) realiséiert gouf. Si stellt déi multidisziplinär Zesummenaarbecht, modern Technologien an de modernen Ëmfeld am Spidolssecteur an de Vierdergrond. Ausserdeem gouf eng Serie vu 7 Videoen, déi zesumme mam Ministère fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil (MFSVA) a mat der Copas produzéiert gouf, virgestallt. Dës Serie thematiséiert d’ Zesummespill tëscht Infirmier an Aide-soignant am Hëllefs- a Fleegesecteur.Den M3S huet och e Videomontage iwwer déi éischt Editioun vum „Healthcareers Day“ presentéiert, déi am Fréijoer 2026 organiséiert gouf. Dësen Dag, deen sech u Lycéesschüler geriicht huet, huet déi ganz Ekosystem-Acteuren aus dem Gesondheets- a Fleegesecteur zu Lëtzebuerg zesummebruecht, fir déi Jonk fir d’Beruffsperspektiven an dësen Secteuren ze sensibiliséieren.

D’Presenz vum M3S op der HWL huet dozou bäigedroen, d’Visibilitéit vun der Campagne „Healthcareers.lu“ ze erhéijen, déi zesumme mat de Partner ëmgesaten Aktiounen ervirzehiewen an den Austausch am Hibléck op nei Synergien zur Promotioun vun de Gesondheets- a Fleegeberuffer ze fërderen.