Healthcareers op der "Journée du Futur Médecin"

Den 28. September 2024 huet de Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet (M3S) un der “Journée du Futur Médecin” deelgeholl a seng Promotiounskampagne "Healthcareers.lu" presentéiert. Dësen Event, organiséiert vun der Association Luxembourgeoise des Étudiants en Médecine (ALEM) huet am Lycée des Garçons de Luxembourg (LGL) um Lampertsbierg stattfonnt a war ausgeriicht op d’Lycéeën ab 3ième, d’ Medezinsstudenten an d’Dokteren an der Fachausbildung. D’Journée huet verschidden Acteuren aus dem Lëtzebuerger Gesondheetssystem versammelt, déi Informatiounen iwwer déi divers berufflech Méiglechkeeten an dësem Secteur presentéiert hunn. Weider Informatioune fannt Dir op www.ALEM.lu.