Healthcareers.lu fir d’zweet Kéier @REELCD
Aktualiséiert den
Den 29. Mäerz 2025 war Healthcareers.lu fir d’zweet Kéier op der „Rencontre Élèves-Etudiants (REELCD) vum Dikrescher Kolléisch, fir d’Schüler iwwert Gesondheetsberuffer ze informéieren.
D'Ekipp vun Healthcareers.lu sollt hinnen hëllefen, méi iwwert de Gesondheetssecteur gewuer ze ginn an eventuell Interesse fir dës Beruffer z’entwéckelen. D'Ekipp stounge fir all Froen zur Verfügung an huet de Schüler d’Méiglechkeet ginn, sech mat dësem wichtege Secteur vertraut ze maachen.