Healthcareers.lu: Beruffswelten entdecken am Lycée classique d'Echternach (LCE)
Aktualiséiert den
Den 28. Mäerz 2025 gouf d’Kampagn Healthcareers.lu am Lycée classique d'Echternach op der Journée d’information/Beruffswelten virgestallt. Mat der Ënnerstëtzung vum Claude Scholtes, ATM an der Radiologie, Chef vum Service d'Imagerie médicale am Centre Hospitalier du Nord (CHdN) haten d’Schüler d’Méiglechkeet, méi iwwert dëse faszinéierende Beruff z’erfueren. Zousätzlech konnte d’Ekipp vun Healthcareers.lu allgemeng iwwert d’Gesondheetsberuffer informéieren an d’Wichtegkeet vun dësem Beräich ervirhiewen.
De Bachelor ATM de radiologie gëtt fir d'Rentrée 2025 op der Uni.lu ugebueden.