Healthcareers.lu mam ENSA um Job & Study Talk Hubert Clément
Aktualiséiert den
Den 21. Mäerz 2025 huet de Job & Study Talk am Lycée Hubert Clément zu Esch stattfonnt. Dës Veranstaltung huet eng weider Geleeënheet gebueden, d'Campagne Healthcareers.lu de Schüler virzestellen, e Stand mat der École nationale de santé du Luxembourg (ENSA) ze deelen an de Schüler, déi sech fir Gesondheetsberuffer intresséiert hunn, Ried an Äntwert ze stoen.