Nei Affichage-Campagne mat «Giveaways» (23.12.2025 - 5.01.2026)

D'Ministère fir Gesondheet an d'Sozialversécherung (M3S) lancéiert eng nei Kommunikatiounswelle am Kader vu seng Campagne « healthcareers.lu », mat der Absicht, d'Gesondheetsberuffer ze promovéieren.

Vum 23. Dezember 2025 bis de 5. Januar 2026 kënnt Dir eis Affichen op verschidden ëffentleche Plazen am ganze Land entdecken: Tram- a Bushaltestellen, d’Gare Lëtzebuerg, 24 CFL-Garë souwéi op de Bildschiermer vun de Shoppingzenteren.

All Affiche presentéiert eng Persoun. Wann Dir de QR-Code op der Affiche scannt, kënnt Dir méi iwwert de Beruff vun der Persoun, hir Aufgaben an hir Passiounen erausfannen. 

Gewënnspill op Instagram

Als Ergänzung zu senger Affichage-Campagne lancéiert de Ministère eng digital Campagne op Instagram mat engem Gewënnspill, dem « Healthcareers Giveaway », deen iech erlaabt verschidde Präisser ze gewannen.

Fir deelzehuelen, musst Dir just:

  • eis Publikatioun liken,
  • eis followen,
  • e Frënd op eisem Instagram markéieren an
  • d’Äntwert an d’Kommentarer setzen.
     

Participéiere kënne Persounen, déi mindestens 13 Joer al sinn.       

  • Datum vun de Giveaways: 23., 27., 29., 30., 31. Dezember 2025 ; 2., 3. a 5. Januar 2026.
  • Datum vun der Verlousung: 29. Dezember 2025, 2. a 6. Januar 2026.
     

D'Gewënner ginn duerch privat Noriicht op Instagram vum Healthcareers Team kontaktéiert.

Maacht elo mat an amuséiert iech mat eiser Campagne!