OPEN DAY UNI.LU
Aktualiséiert den
De 15. Mäerz huet d'Universitéit Lëtzebuerg hiren "Dag vun der oppener Dier" organiséiert.
Dësen Event war eng super Geleeënheet, fir d'Video Temoignagë vun der Campagne Healthcareers.lu um Stand fir Gesondheetsberuffsformatiounen ze weisen. Ausserdeem konnt d'Ekipp vun Healthcareers.lu d'Simulatiounssäll (SimUL) vun der Universitéit besichen an d'Erfarungsberichter vun de Studenten aus dem 1. Joer Medezin /Infirmier sammelen, fir d'Offer vun der Universitéit an hir héichmodern Infrastruktur am Kader vun der Campagne Healthcareers.lu nach besser ze presentéieren.