Healthcareers op der Yep!-Schoulfoire 2024
Aktualiséiert den
Op der leschter Editioun vun der ,,Yep!-Schoulfoire'', déi vum 26. bis den 29. Abrëll 2025 an der Luxexpo TheBox stattfonnt huet, hunn de Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet, l'École nationale de la santé (Ensa) an d’Associatioun DeWidong de gemeinsame Stand „Healthcareers.lu“ animéiert
Dëse Stand huet verschidden Atelieren an Animatioune fir déi Jonk ugebueden dorënner den Atelier Chirurgie, den Atelier Reanimatioun, den Atelier Verband, den Atelier Desinfektioun vun den Hänn an den Atelier Geriatrie fir de Jugendlechen d’Erausfuerderunge vum Alter méi bewosst ze maachen. Mat engem Virtual Reality Brëll konnten d’Participante mat engem Patient an enger virtueller Klinik interagéieren. Um Familljendag, war och d’ALEM (Lëtzebuergesch Associatioun vun de Medezinsstudenten) mat hirer Petzi Klinik um Stand.
Dës Atelieren hunn de Kanner a Jugendlechen eng Geleeënheet gebueden, eng Rei Gesondheetsberuffer op eng spilleresch Manéier ze entdecken.
Fir d'Héichpunkte vun der Evenement nach emol ze erliewen, kuckt Iech hei ënnen eis Foto-Galerie un.
Lors de la dernière édition de la « D'Yep! - Schoulfoire », qui s'est déroulée du 26 au 29 avril 2026 à Luxexpo TheBox, le ministère de la Santé et de la Sécurité sociale (M3S), l'École nationale de la santé (Ensa) et l'association DeWidong se sont regroupés sur le stand commun « Healthcareers.lu ».
Ce stand a proposé de nombreuses animations et ateliers destinés aux jeunes, notamment un atelier de chirurgie, un atelier de réanimation, un atelier de pansement, un atelier sur l'hygiène des mains ainsi qu’une simulation de costume gériatrique visant à sensibiliser les jeunes aux défis liés au vieillissement. Avec un casque de réalité virtuel, les participants pouvaient interagir avec un patient dans un hôpital virtuel. Le premier jour, dédié aux familles, l'Association luxembourgeoise des étudiants en médecine (ALEM) s'est jointe au stand pour présenter sa Petzi Klinik.
Ces ateliers ont offert aux jeunes une opportunité ludique d'explorer les différentes professions de la santé.
Pour revivre les temps forts de cet événement, nous vous invitons à consulter notre galerie de photos ci-dessous.