D'YEP Schoulfoire

Fir seng 5. Editioun kritt d'Schoulfoire eng nei visuell Identitéit an en neie Slogan: «Komm stell deng Froen, fann deng Äntwerten».

De Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet erneiert seng Participatioun mat senger Campagne "Healthcareers.lu".

Wëlls du eng global Iwwersiicht iwwer d’Schouloffer zu Lëtzebuerg kréien? Hues du spezifesch Froen zu engem oder aneren Aspekt vum Gesondheetssystem? Wëlls du dech berode loossen iwwer Studie- a Karriäroptiounen?

Da komm de Stand vu Healthcareers.lu besichen an entdeck d’Gesondheets- a Fleegeberuffer.

Programm an Horairen

  • Sonndeg, 19. Abrëll vun 11:00 bis 18:00 Auer: Op fir de Grand Public.
  • Méindeg, 20. Abrëll vun 8:30 bis 15:00 Auer: Reservéiert fir Schoulklassen.
  • Dënschdeg, 21. Abrëll vun 8:30 bis 17:00 Auer.
    Moies: Reservéiert fir Schoulklassen vun 8:30 bis 13:00 Auer. Léierplazendag vun 8:30 bis 14:00.
    Nomëttes: Op fir de Grand Public vun 13:00 Auer bis 17:00 Auer & op fir d’SEAS (Maisons relais, Dagesfoyeren a Schoulfoyeren) an Dageselteren (Cyclen 3.2-4.2) vun 13:00 bis 17:00 Auer.
  • Mëttwoch, den 22. Abrëll vun 8:30 bis 15:00 Auer: Reservéiert fir Schoulklassen.

Hei fënns du de Link op den offizielle Site fir weider Informatiounen.

 

Typ:
Atelier, Visite de l'exposition, Conférence
Uert:
LUXEXPO THE BOX - 10 Circuit de La Foire Internationale, 1347 Kirchberg, Lëtzebuerg
Datum:
Vum 19.04.2026 um 11:18
bis den 22.04.2026 um 15:00