Assistant·e sociale

Allgemeng Definitioun

D’Assistante sociale/den Assistant social begleet Mënschen, fir hinnen ze hëllefen, méi onofhängeg ze ginn an hir Integratioun an d’Gesellschaft ze fërderen. Si/hien erliichtert den Zougang zu administrativen, sozialen, edukativen a gesondheetleche Hëllefen a Servicer, jee no de Besoine vun de betraffene Persounen. Sou ënnerstëtzt a beréit si/hien d’Persounen a setzt déi néideg Hëllefsmoossnamen ëm, wann dës net d’Méiglechkeeten oder d’Kompetenzen hunn, fir se selwer ze maachen. 

D’Assistante sociale/den Assistant social schützt vulnerabel Persounen, ënnerstëtzt benodeelegt Mënschen a setzt sech géint Aarmut an sozial Exklusioun an, an dest um individuellen an um gesellschaftlechen Niveau. Si/hien bedeelegt sech och u Preventiounsaktiounen a dréit dozou bäi, d’Gesondheet vun all Mënsch an déi vun der Bevëlkerung ze verbesseren.

 

Aufgaben a Verantwortungen

An der Roll vun der Assistante sociale/vum Assistant social ass et wichteg, eng Vertrauens- a Kooperatiounsrelatioun mat der Persoun opzebauen, fir eng effizient Zesummenaarbecht ze fërderen. Si/hien baséiert sech dofir op Gespréicher, fir d’Persoun ze begleeden, andeems si/hien eng Orientatioun zu passenden Déngschter oder Hëllefen ubitt, psychosozial Berodung gëtt an eng edukativ Ënnerstëtzung assuréiert.

Si/hien kann och gefrot ginn, fir Konfliktsituatiounen ze geréieren an ze léisen.

Fir d’Persounen ze ënnerstëtzen, féiert d’Assistante sociale/den Assistant social Enquêten duerch an erstellt sozial Diagnosen, déi eng Analys vun de Schwieregkeeten an de Ressourcen vun de Persounen an hirem sozialen Ëmfeld enthalen. Fir déi néideg Informatiounen ze kréien, mécht si/hien eng Anamnese, féiert eng Heemvisitt duerch a stäipt sech – wann néideg – op d’Meenunge vun anere Fachleit.

Duerno setzt si/hien en Interventiounsplang op, deen am Idealfall op Ziler baséiert, déi zesumme mat der Persoun definéiert ginn. Dëse Plang gëtt duerno evaluéiert. Op Ufro vun ëffentlechen, geriichtlechen oder aneren Instanze schreift si/hien e soziale Rapport, deen d’Resultater vun der sozialer Enquête presentéiert. Ausserdeem dokumentéiert si/hien hir/seng Aarbecht an engem sozialen Dossier.

D’Assistante sociale/den Assistant social schafft dacks an engem pluriprofessionellen Team, wat et erméiglecht, e Reseau opzebauen, deen eng global Begleedung vun der Persoun fërdert.

Aktivitéitsberäicher

  • Servicer am Beräich vum Kannerschutz
  • Am Educatiounssystem:
  • - Net-formell Educatioun (Maison relais, Assistants parentaux, Foyer de jour oder Foyer scolaire, Crèche, …)
    - Servicer fir Hëllef fir Kanner a Familljen
    - Centre psychosocial et d’accompagnement scolaires (CePAS)
    - Services psychosociaux et d’accompagnement scolaires (SePAS) an de Lycéeën
    - Kompetenzzentren an der spezialiséierter Psychopädagogik
  • Sozial Servicer: 
    - Offices sociaux vun de Gemengen
  • Spidolsariichtungen
  • Servicer fir sozial-berufflech Integratioun
  • Servicer fir Wunnengshëllef
  • Immigratiounsservicer
  • Ffleegeheemer fir eeler Leit      

Ausbildung