Medezinesch-technesch·e Laboratoireassistent ·in

Allgemeng Definitioun

D'medezinesch-technesch Laboratoireassistentin/de medezinesch-technesche Laboratoireassistent ass eng/ee qualifizéiert Expertin/Expert,  déi/deen spezialiséiert ass an der Realisatioun vu biologeschen a biomedezineschen Analysen esouwéi eng Rei aner Analysen aus dem wëssenschaftlechen a technesche Beräicher déi am Laboratoire gemaach ginn.

Am Beräich vun der Gesondheet ass seng Aarbecht ee wesentleche Bestanddeel vum Parcours de soins a dréit zu Diagnosen, zur therapeutesche Betreiunge vu Patientinnen a Patienten esouwéi zur Surveillance vun der ëffentlecher Gesondheet bäi.

Duerch hier/seng wëssenschaftlech, technesch an organisatoresch Kompetenzen dréit si/hien beim erstelle vun zouverlässegen a qualitativ héichwäertege Resultater bäi, déi onëmgänglech si fir medezinesch Entscheedungen ze huelen. Seng Tätegkeet erfuerdert Grëndlechkeet, Prezisioun, ee staarkt Verantwortungsgefill an dat strikt Anhale vun de Qualitéits- a Sécherheetsufuerderungen.

Aufgaben a Verantwortungen

D'medezinesch-technesch Laboratoireassistentin/de medezinesch-technesche Laboratoireassistent hëlt verschidden Aarte vun Echantillonen entgéint, preparéiert a verschafft se am Aklang mat de gültege Prozeduren a Normen.

Si/hien féiert Analysen a verschiddene Beräicher mat Hëllef vun automatiséierten Apparater a spezialiséierten Technologien duerch. Si/Hien bedeelegt sech un der Qualitéitskontroll vun den Analysen, suergt dofir, dass déi duerchgefouerten Aarbechte getrackt kënne ginn an dass d' Reegele vun der biosécurité an déi gutt Praktiken am Laboratoire agehale ginn.

Am Kader vun hiren Aktivitéiten :

  • preparéiert an analyséiert si/hien Echantillonen;
  • benotzt an iwwerwaacht si/hien de gudde Fonctionnement vun den analyteschen Equipementer;
  • bedeelegt si/hien sech un den internen an externe Qualitéitskontrollen;
  • dréit si/hien zur Zouverlässegkeet vun den analytesche Resultater bäi, andeems déi gülteg technesch Prozeduren a Qualitéitsufuerderungen applizéiert ginn;
  • suergt si/hien fir d’Dokumentatioun an d’Traçabilitéit vun den duerchgefouerten Analysen;
  • setzt si/hien d’Preventiouns-, Hygiènes- a Sécherheetsmoossnamen ëm, déi fir de Laboratoire gëllen.

D'medezinesch-technesch Laboratoireassistentin/de medezinesch-technesche Laboratoireassistent kann och Bluttprouwen esouwéi verschidden diagnostesch Echantillonen huelen, virunallem naso- an oropharyngés Echantillonen.

Duerch seng technesch Fachkenntnis, seng Grëndlechkeet a säi berufflechen Engagement dréit den ATM direkt zur Qualitéit vun den Analysen, zur Sécherheet vun de Patientinnen a Patienten an zum gudde Fonctionnement vum Gesondheetssystem bäi.

Aktivitéitsberäicher

  • Laboratoirë fir medezinesch Analysen am Spidol;
  • Privat Laboratoirë fir medezinesch Analysen;
  • Den Nationale Gesondheetslabo (LNS);
  • D’Zentere fir Blutttransfusiounen;
  • Spezialiséiert Laboratoiren an der ëffentlech Gesondheet;
  • Laboratoiren déi am Beräich vun der Pharmaindustrie, der Biotechnologie, der Liewensmëttelindustrie an der Ëmwelt aktiv sinn.

Ausbildung

                                                         Dëst kéint iech intresséieren