Infirmier·ère gradué·e
Aktualiséiert den
Allgemeng Definitioun
D’Infirmière graduée/Den Infirmier gradué ass eng/een Infirmier/ière, déi fir d’Organisatioun an d’Qualitéit vun de soins verantwortlech ass. Si/hien verfüügt iwwer verdéift Kompetenzen, besonnesch an der Organisatioun vu Spideeler an der Féierung vun Ekippen an am Beräich vun der ëffentlecher Gesondheet.
Si/Hien iwwerhëlt virun allem Aufgaben an der Koordinatioun, am Encadrement oder an der Gestioun bannent de Gesondheets- a Fleegestrukturen.
Si/Hien schafft souwuel am Spidol wéi och ausserhalb vum Spidol a dréit esou zum Wuelbefannen an zur Sécherheet vun de Patient/innen a verschiddenen Beräicher bäi.
Aufgaben a Verantwortungen
An enger Encadrementsfunktioun organiséiert d‘Infirmière graduée/den Infirmier gradué den Alldag vu sengen Ekippen, koordinéiert d’Aarbecht, verdeelt d’Aufgaben no de Kompetenze vun de Mataarbechter/innen a suergt dofir, datt d’Prioritéite bei de soins kloer festgeluecht sinn.
Si/Hien begleet nei Mataarbechter/innen an ënnerstëtzt Student/innen an hirer Ausbildung, andeems si/hien d’Entwécklung vun de Kompetenzen am Sënn vun engem permanente Léierprozess fërdert.
An enger Gestiounsfunktioun ass si/hien, a hirem/sengem Beräich, zoustänneg fir d’Strategie, d’Organisatiounsprozesser an den operativen Oflaf, am Aklang mat de strategeschen Ziler vun der Institutioun.
Als Fachpersoun ass si/hien no bei de Patient/innen, evaluéiert Situatiounen, ënnerstëtzt d’Ekippen a garantéiert eng qualitativ héichwäerteg Fleeg.
Aktivitéitsberäicher
- Spideeler
- Strukture fir Hëllef a Fleeg doheem
- Strukture fir eeler Leit (z. B. Alters- a Fleegeheemer)
- Sozial a medezinesch-sozial Institutiounen
Ausbildung
- D’Formatioun gëtt am Ausland ugebueden.
- Informéiert Iech beim Ministère fir d’Fuerschung an Héichschoul, fir Är Studien unzefänken.
- Wichteg: Wichteg: Informéiert Iech virdrun iwwer d’Unerkennung vum Diplom beim Ministère fir Fuerschung a Héichschoul.
Dëst kéint iech intresséieren
-
Claude, infirmier en soins généraux
Claude est infirmier en soins généraux depuis...
Méi gesinn -
Shannon, infirmière responsable de soins généraux
Shannon est infirmière en soins généraux dans le service...
Méi gesinn -
Alexandra, infirmière responsable de soins généraux
Alexandra est infirmière responsable des soins généraux depuis...
Méi gesinn