Infirmier*ère an der Psychiatrie

Allgemeng Definitioun

D'Infirmière/den Infirmier an der Psychiatrie këmmert sech ëm d'Betreiung vu Patienten an de Beräicher vun der psychescher Gesondheet a vun der Psychiatrie. Dozou gehéieren d'Fërderung vun der Gesondheet an d'Laangzäitbegleedung vun de Patienten. Si/hien däerf op Eegeninitiativ am Kader vun hirer/senger Autonomie oder opgrond vun engem Rezept vun engem Dokter Aufgaben erfëllen oder erfëlle loossen.

Méi konkret bitt d'Infirmière/den Infirmier an der Psychiatrie Persounen an enger psychologescher Kris oder mat psychesche Gesondheetsproblemer eng Begleedung oder eng Ënnerstëtzung mat Therapie- oder Beschäftegungsziler. An Zesummenaarbecht mat der interdisziplinärer Ekipp huet hien d'Zil, der Persoun hir psychesch Gesondheet ze fërderen, z'erhalen an ze festegen. 

Aufgaben a Verantwortung

D'Infirmière/den Infirmier an der Psychiatrie begleet Persoune vun all Alter mat psychologeschen oder psychiatresche Stéierungen, mat Ofhängegkeeten oder mat psychesche Behënnerungen. Seng Aarbecht ëmfaasst haaptsächlech déi relational Betreiung vun der Persoun, vun hirem Ëmfeld oder vun enger Grupp vu Persounen. Fir dës therapeutesch Allianze mat deene betraffene Persounen opbauen ze kënnen, muss den Infirmier an der Psychiatrie u sech selwer schaffen a gutt mat sengen eegenen Affekter eens ginn.

An der Psychiatrie vun engem Spidol betreit hie mat der interdisziplinärer Ekipp Persoune mat akute psychesche Stéierungen. Duerch seng stänneg Uwiesenheet a seng Kompetenz an der klinescher Beobachtung schafft hie beim Erstelle vun enger Diagnos duerch en Dokter mat an e bedeelegt sech un der medezinescher a psychiatrescher Behandlung. A Krisesituatioune kann et virkommen, datt e Patiente muss rouegstellen oder isoléieren.

Ausserdeem ass d'Infirmière/den Infirmier an der Psychiatrie fir d'Verbindung tëscht den Dokteren, dem Patient a senger Famill zoustänneg. Virun allem geet et drëm, s'iwwer d'Fleeg, d'Analysen an d'Behandlungen z'informéieren a sech dobäi ze vergewësseren, datt d'Informatiounen och verstane goufen.

Am Beräich vun der psychiatrescher Rehabilitatioun ënnerstëtzt si/hie Persoune mat enger psychescher Stéierung, fir hir Autonomie an hir Plaz an der Gesellschaft erëmzefannen. Deemno suergt d'Infirmière/den Infirmier an der Psychiatrie duerfir, datt dem Individuum seng physesch a psychesch Integritéit nees hiergestallt gëtt, datt en seng Schwieregkeeten entdeckt a versteet an datt en d'Méiglechkeete kritt, fir se ze léisen.

D'Infirmière/den Infirmier an der Psychiatrie hëlleft net nëmmen der Persoun mat enger psychescher Stéierung, hir Erkrankung an hir Behandlung z'akzeptéieren, mä och hirem Ëmfeld, d'Krankheet, hir Konsequenzen an den alldeeglechen Ëmgank domat ze verstoen.

Am Beräich vun der Fërderung vun der psychescher Gesondheet bedeelegt si/hien sech un der psychescher Gesondheetsbildung.

Aktivitéitsberäicher

  • am Spidol: an akute Situatiounen/an der Rehabilitatioun, an oppenen/zouene Strukturen (zum Beispill an der Psychiatrie, an der Pedopsychiatrie, mat Jugendlechen, an der Psychogeriatrie, am psychiatreschen Noutdéngscht, op der Krisestatioun)
  • a psychosozialen Institutiounen, zum Beispill an Dageszenteren, a geschützten Atelieren, an Instituter fir d'Begleedung vu Persoune mat Ofhängegkeeten (Alkohol, Drogen), bei Begleetdéngschter fir Persounen a grousser Nout oder bei Hëllefsdéngschter fir Elteren
  • bei Hëllefsdéngschter mat Fleeg doheem

  • a Fleege- an Altersheemer

  • an der psychiatrescher Annex vun engem Prisong

     

Ausbildung zu Lëtzebuerg

  • Zanter September 2023 bitt d'Uni Lëtzebuerg e Bachelor (Bachelor en sciences infirmières spécialisées – Infirmier/infirmière psychiatrique) un.
Bedéngungen, fir ugeholl ze ginn
  • BTS soins infirmiers zu Lëtzebuerg, Diplôme d'infirmier responsable de soins généraux, Diplôme d'Etat infirmier oder all anere Beruffstitel fir Infirmieren, deen als equivalent unerkannt ass (*Unerkennung vu 60 ECTS, déi et erlaben, an dat zweet Joer vum Bachelor ugeholl ze ginn).
  •  B2-Zertifikat am Franséischen an am Däitschen.

 

 

Verlaf vun der Ausbildung

  • D'Ausbildung dauert 2 Joer a Vollzäit. Si gëtt op Franséisch (70%), op Englesch (10%) an op Däitsch (20%) gehalen. Dës Bachelor-Ausbildung besteet aus engem villfältegen theoreteschen Deel, an deem déi verschidden (empiresch, ethesch, ästhetesch, perséinlech an emanzipatoresch) Kenntnisser vun den Infirmiere betruecht ginn, an engem prakteschen Deel an engem spezialiséierte Kontext.