Lynn, Infirmière an der Psychiatrie

D’Lynn ass Infirmière psychiatrique a schafft an der zouener Jugendpsychiatrie am Centre Hospitalier Neuro-Psychiatrique zu Etttelbréck. An enger multidisziplinärer Ekipp begleet hatt déi Jonk an hirer Krankheet. Hatt erzielt eis iwwert seng villsäiteg Aarbecht a léisst eis d‘Welt vun der Psychiatrie entdecken.