Masseur·euse

Allgemeng Definitioun

E Masseur oder eng Masseuse schafft am Beräich vun der preventiver Gesondheetsversuergung an dem Wuelbefannen, a fërdert dobäi d’Erhalen an d’Stimulatioun vun de physiologesche Funktioune vum Kierper. Dës Aktivitéit fënnt net am Kader vun enger therapeutescher Behandlung an och net op medezinesch Prescriptioun statt. 

Aufgaben a Verantwortung

De Masseur oder d’Masseuse schafft am Allgemenge mat Massage- a manuelle Mobilisatiounstechniken, déi dozou bäidroen, déi physiologesch Funktioune vum Kierper ze erhalen an ze stimuléieren. Fir bestëmmte Fäll gesäit d’Gesetz speziell Bestëmmunge vir. Donieft kënnen och Technike wéi Hydrotherapie, Thermotherapie a Phototherapie ugewannt ginn. 

Aktivitéitsberäicher

  • Spa- a Wellnesszenteren
  • Schéinheetsinstituter
  • Thermen
  • Selbstänneg Aarbecht

Formatioun