Orthofonist·in

Allgemeng Definitioun

D‘Orthofonistin/Den Orthofonist schafft an der Preventioun, bei der Evaluatioun an an der Behandlung vu Stéierungen, déi mam Schwätzen, mat der Stëmm a mat der geschwater a geschriwwener Sprooch ze dinn hunn. Dës Stéierunge kënne bei Bëbeeën, Kanner, Jugendlecher, Erwuessener an eelere Leit optrieden.

Si/hien mécht en éischte Bilan, fir déi observéiert Stéierungen ze evaluéieren, d‘Diagnos ze präziséieren an eng ugepassten Therapie auszeschaffen. Duerno setzt si/hien spezifesch Behandlungen ëm, fir d’Kommunikatiounsfäegkeeten - verbal oder net-verbal - ze verbesseren, jee no de Besoine vun der Persoun.

Duerch hir/seng Aarbecht verbessert d‘Orthofonistin/den Orthofonist d’Kommunikatiounsfäegkeete vun der Persoun an dréit esou zu hirer schoulescher, professioneller, sozialer a kultureller Inklusioun bäi.

D‘Orthofonistin/Den Orthofonist ass och an der Preventioun an an der Promotioun vun der Gesondheet aktiv, ënner anerem duerch Sensibiliséierungsaktiounen an duerch fréi Erkennung fir d‘Allgemengheet.

Aufgaben a Verantwortungen

D‘Orthofonistin/Den Orthofonist ass an der Preventioun, der Evaluatioun an der Behandlung vu Kommunikatiounsprobleemer aktiv an üübt seng Aarbecht an engem reglementéierte Kader aus, am Aklang mat den deontologesche Reegelen. Si/hien mécht en éischte Bilan, fir d’Stéierungen z‘erkennen, d‘ Diagnos ze präziséieren an eng adaptéiert Therapie auszeschaffen. Si/hien setzt spezifesch Behandlungen ëm, fir d’Kommunikatiounsfäegkeeten - verbal wéi net-verbal - ze entwéckelen, ze verbesseren oder ze restauréieren. Si/hien suergt fir e reegelméissege Suivi, passt d’Ziler un d’klinesch Entwécklungen un a dokumentéiert d‘Behandlung. D‘Orthofonistin/Den Orthofonist schafft an Zesummenaarbecht mat Dokteren, anere Professioneller aus dem Gesondheetssecteur an och mam Ëmfeld vum der Patient a dréit esou zur schoulescher, berufflecher, sozialer a kultureller Inclusioun bäi.

Aktivitéitsberäicher

  • An Spideeler
  • Am Secteur extrahospitalier esou wéi a Fleegeheemer an a Rehazenteren 
  • Am Sozialen an edukative Secteur
  • Als Independant schaffen

 

Ausbildung

  • D’Formatioun gëtt am Ausland ugebueden, zum Beispill an der Belsch, a Frankräich oder an Éisträich. Kuckt op der Säit mengstudien.public.lu d’Sektioun „Études“ vum Ministère fir Fuerschung an Héichschoul fir méi Informatiounen iwwer dës Studien am Ausland.
  • Wichteg: Informéiert Iech virdrun iwwer d’Unerkennung vum Diplom beim Ministère fir Fuerschung a Héichschoulbildung.