Orthoptist·in

Allgemeng Definitioun

D’Orthoptistin/Den Orthoptist ass spezialiséiert op d’Fréierkennung, d’Reeducatioun an d’Rehabilitatioun vun der vision binoculaire, also der koordinéierter Vue vun den zwee Aen, souwéi och d’Beweegung vun den Aen. Hiren/Säin Agrëff concernéiert Persoune vun all Alter, déi visuell Schwieregkeeten hunn am Zesummenhang mat Entwécklungsstéierungen, enger Pathologie vun den Aen, engem Trauma oder engem neurologeschem Probleem.

D’Zil ass et, visuell Stéierungen duerch Depistagetester ze prevenéieren an d’Vue z’erhalen, ze verbesseren oder ze restauréieren, fir d’Autonomie, d’Kommunikatioun an d’Participatioun vun der Persoun am Alldag z’ënnerstëtzen.

Aufgaben a Verantwortungen

D’Orthoptistin/Den Orthoptist mécht e komplette bilan orthoptique. Dobäi evaluéiert si/hien d‘Motorik, D’Zesummespill vun den zwee Aen (vision binoculaire), de Fokus, d’Aebeweegungen an d’Fixatioun. Si/Hien erkennt Stéierungen ewéi d‘Balucken, d’Amblyopie, d’Lämung vun den Aemuskelen, Konvergenzproblemer a visuo-motoresch Schwieregkeeten, a stellt duerno e personaliséierte Reeducatiounsprogramm op.

Mat gezielte visuelle Übunge probéiert d‘Orthoptistin/den Orthoptist, d'Koordinatioun vun den Aen, d’visuell Perceptioun an d’Fäegkeeten, déi fir Aktivitéiten ewéi Liesen oder Schreiwe wichteg sinn, ze verbesseren.

Si/hien garantéiert den Depistage an d’Preventioun vu visuelle Stéierungen, besonnesch bei Kanner, a bitt de Patientinnen a Patienten an hirem Ëmfeld eng therapeutesch Ënnerstëtzung un, fir besser mat de visuelle Schwieregkeeten ëmzegoen.

Si/hien schafft mat Aendokteren/Aendokteschen an anere Fachleit aus dem Gesondheetssecteur zesummen, fir eng koordinéiert Betreiung ze garantéieren, déi un d’Besoine vun all Patient ugepasst ass.

Aktivitéitsberäicher

  • Spideeler (Ophtalmologie-, Neurologie- a Pediatrie - Servicer)
  • Als Independant schaffen
  • Ophtalmologie Praxissen
  • Strukturen déi d’Entwécklung vu Kanner ënnerstëtzen
  • Institutioun fir Leit mat engem Handicap

Ausbildung

  • D’Formatioun gëtt am Ausland ugebueden, zum Beispill an der Belsch, a Frankräich oder an Éisträich. Kuckt op der Säit mengstudien.public.lu d’Sektioun „Études“ vum Ministère fir Fuerschung an Héichschoul fir méi Informatiounen iwwer dës Studien am Ausland.
  • Wichteg: Informéiert Iech virdrun iwwer d’Unerkennung vum Diplom beim Ministère fir Fuerschung a Héichschoulbildung.