Podolog·in

Allgemeng Definitioun

D‘Podologin/De Podolog ass eng/e Spezialist/in vum Fouss: si/hien analyséiert d’Funktioun vum Fouss, säin Equiliber, seng Biomechanik an d’Interaktioun mam globale Kierperhalt (Postur). Si/Hien gräift an d’Versuergung vu méi uewerflächleche Problemer vun der Haut an den Zéiwenneel an, entwéckelt Orthesen fir funktionell Stéierungen ze korrigéieren oder Péng ze entlaaschten, a schafft och an der Preventioun vu Foussläsiounen, besonnesch bei vulnerabele Populatiounen wéi z. B. bei Persoune mat Diabeetes.

Aufgaben a Verantwortungen

D‘Podologin/De Podolog mécht klinesch an instrumentell Ënnersichungen, fir d’Funktioun vum Fouss ze analyséieren an d’Ursaach vu Péng, falschem Optrëtt vum Fouss oder Problemer beim Trëppelen ze verstoen. Si/Hien observéiert d’Kierperhaltung, wéi de Fouss um Buedem optrëtt an op wéi eng Manéier d’Persoun sech beweegt. Dës Elementer erlaben hir/him, eng präzis Evaluatioun vum Fouss ze maachen an biomechanesch Ongläichgewiichter z’identifizéieren. Op Basis vun dëser Analys entwéckelt an adaptéiert si/hien individuell Léisungen, wéi zum Beispill. Einlagen oder Orthesen, fir den Optrëtt ze verbesseren, eng falsch Postur ze verbesseren oder Péng ze reduzéieren.

D‘Podologin/De Podolog intervenéiert och bei der Behandlung vu méi heefege Problemer vun der Haut an den Zéiwenneel. Op medezinesch Prescriptioun kann si/hien och un der Behandlung vu méi komplexe Wonnen interveneieren, besonnesch bei Persoune mat Diabeetes oder mat nervlechen oder circulatoresche Stéierungen. Si/Hien kann och eng spezifesch Ënnersichung maachen, fir d’Sensibilitéit an d’Bluttzirkulatioun beim diabeetesche Fouss ze evaluéieren, mam Zil Schied ze vermeiden.

Aktivitéitsberäicher

  • Als Independant schaffen
  • Spideeler

Ausbildung