Alex, Infirmier an Anästhesie a Reanimatioun an Entreprener

Virun iwwer véierzéng Joer huet den Alex mat engem Kolleeg en Hëllefs- a Fleegedéngscht op d'Bee gestallt, fir Patiente mat chronesche Wonnen ze betreien. Zanterhier huet säi Betrib sech diversifizéiert an e betreit eng 500 Patienten zu Lëtzebuerg. Als geléierten Infirmier an der Anästhesie erzielt den Alex vu sengem ongewéinleche Wee, deen en ouni seng Mënschlechkeet a säin Entrepreneursgeescht bestëmmt net gaange wär.