Christian, Infirmier an Directeur des soins

De Christian ass zanter iwwer zwanzeg Joer diploméierten Infirmier. Am Laf vun der Zäit huet hien ëmmer méi Verantwortung iwwerholl an zanter 2018 ass hien Directeur des Soins bei den Hôpitaux Robert Schuman. Hien erzielt vu sengem Wee a vu sengem Alldag an e sträicht d'Villfalt vun de Méiglechkeeten ervir, déi eng Ausbildung an der Fleeg ze bidden huet.