Healthcareers.lu op der « Journée des Patrons » am Lycée Ermesinde
Aktualiséiert den
De 17. Januar gouf d'Campagne healthcareers.lu op der « Journée des Patrons » am Lycée Ermesinde virgestallt. Am Kader vun dësem Evenement, goufen d'Beruffer vum Infirmier an dem ATM de Radiologie virun enger Rei Klasse ervirgehuewen. Claude Martini, Infirmier am Rehazenter, a Claude Scholtes, ATM-Radiologie a Chef vum Service d'Imagerie médicale am Centre Hospitalier du Nord (CHdN), hunn d'Sëtzungen animéiert a sinn op d'Froe vun de Schülerinnen a Schüler agaangen. Dëst huet en dynameschen Austausch tëscht de Schüler an de Gesondheetsberuffler erméiglecht.