Beroder·in an der Genetik
Aktualiséiert den
Definitioun
De Beroder / d’Beroderin an der Genetik ass eng Persoun, déi Patienten an hir Famillje begleet, wann eng medezinesch-genetesch Evaluatioun geplangt ass oder schonn duerchgefouert gouf. Dobäi steet si hinne mat passenden Informatiounen a Berodung zur Säit.
Am Virfeld vun der Prise en charge sammelt si déi Informatiounen, déi fir d’Opstelle vun enger genetescher Diagnos relevant sinn.
Aufgaben a Verantwortung
De Beroder / d’Beroderin an der Genetik schafft ënner der Verantwortung vun engem Spezialist fir genetesch Medezin.
Zu den Haaptaufgabe gehéiert d’Opnam vun der Anamnees vun de Patienten. Dëst ass e wichtege Schrëtt an der genetescher Medezin, deen hëlleft festzeleeën, wéi eng weider Ënnersichungen néideg sinn. D’Anamnees ëmfaasst déi perséinlech a familiär medezinesch Virgeschicht souwéi medezinesch Rapporten, Labosresultater an all aner medezinesch Informatiounen, déi fir déi genetesch Ënnersichung néideg sinn. Op Basis vun dësen Informatioune bewäert de Beroder / d’Beroderin déi verschidde genetesch Probabilitéiten an hëlleft dobäi, déi weider diagnostesch Ënnersichunge festzeleeën.
Eng weider wichteg Aufgab ass d’Kommunikatioun mat de Patienten an hire Familljen. An deem Kontext ass de Beroder / d’Beroderin dofir zoustänneg, déi Betraffen am Laf vum ganze Prozess z’informéieren an ze begleeden, an hinnen ënner anerem déi proposéiert genetesch Tester an déi méiglech Testresultater ze erklären. Dobäi ginn och Informatiounen doriwwer vermëttelt, wéi genetesch Erkrankunge verierft kënne ginn a wéi eng Auswierkungen dës op déi Betraffen an hir Famillje kënnen hunn. Wann all déi néideg Informatioune vermëttelt goufen, freet de Beroder / d’Beroderin déi schrëftlech Zoustëmmung vun de Betraffenen, fir datt de Spezialist fir genetesch Medezin hinnen déi entspriechend genetesch Tester verschreiwe kann.
D’Aufgabe vum Beroder / vun der Beroderin ginn iwwer d’Anamnees an d’Gespréicher mat de Betraffenen eraus. Dozou gehéiert och, d’Resultater un déi betraffe Persoun an, wann néideg, un hir Famill weiderzeginn, an déi weider Prise en charge ze erklären. An Zesummenaarbecht mam Spezialist fir genetesch Medezin gëtt e schrëftleche Rapport fir de behandelnden Dokter opgestallt. Bei Bedarf kann dëse Rapport duerch Dokumentatioun ergänzt ginn, fir déi betraffe Persoun an hir Famill bei der Prise en charge ze ënnerstëtzen.
De Beroder / d’Beroderin an der Genetik spillt am Laf vun der ganzer Prise en charge eng wichteg Roll fir déi Betraffen an hir Familljen a schafft an enger multidisziplinärer Ekipp, där op d’mannst ee Spezialist fir genetesch Medezin ugehéiert.
Wéinst der Villfalt u Missioune ginn d’Aarbechtsmodalitéiten an d’Konditioune fir d’Berodungsaarbecht an der multidisziplinärer Ekipp an engem Organisatiounsprotokoll festgehalen. Dëse Protokoll gëtt vum Beroder / vun der Beroderin ënner der Verantwortung vum Spezialist fir genetesch Medezin ausgeschafft. Doranner ginn ënner anerem d’Konditioune fir d’Berodungsaarbecht an der multidisziplinärer Ekipp, d’Modalitéite fir d’Vermëttlung vun Informatiounen an d’Matdeele vun den Testresultater un déi betraffe Persoun souwéi den Delai fir d’Iwwerpréiwung vum Protokoll festgehalen.
Aktivitéitsberäicher
- National Center of Genetics (NCG) vum Nationale Gesondheetslabo (LNS)
Formatioun
- D’Formatioun gëtt am Ausland ugebueden, zum Beispill a Frankräich Kuckt op der Säit amU fir méi Informatiounen iwwer dës Studien am Ausland.
- Wichteg: Informéiert Iech virdrun iwwer d’Unerkennung vum Diplom beim Ministère fir Fuerschung a Héichschoulbildung.