Diététicien·ne
Aktualiséiert den
Allgemeng Definitioun
D’Dieteticienne/Den Dieteticien ass eng qualifizéiert Persoun, déi an der Evaluatioun, der Upassung an der Ernärungsbegleedung vu Persounen intervenéiert. Hir/Seng Roll besteet doran, d’Iessgewunnechte vu senge Patientinnen a Patienten ze analyséieren, d’Ernärung un déi individuell Besoinen unzepassen, personaliséiert Ernärungspläng auszeschaffen an eng reegelméisseg Begleedung ze garantéieren. Si/Hien proposéiert eng equilibréiert an accessibel Approche, bei där de Genoss vum Iessen (an d’Gastronomie) am Vierdergrond steet an net strikt oder restriktiv Diäten.
D’Dieteticienne/Den Dieteticien dréit dozou bäi, d’Bevëlkerung schonn ab jonkem Alter fir d’Wichtegkeet vun enger gesonder an equilibréierter Ernärung ze sensibiliséieren. Duerch seng Interventioune spillt hien eng wichteg Roll bei der Preventioun vun Ernärungsstéierungen an domat verbonne Krankheeten, souwéi bei enger nohalteger Verbesserung vun den Ernärungsgewunnechten.
Aufgaben an Verantwortung
D’Dieteticienne/Den Dieteticien suergt dofir, eng Ernärung virzeschloen, déi un d’Besoine vun all Persoun ugepasst ass, egal ob am Spidol, an enger privater Consultatioun, an der Gastronomie, am Beräich vun der ëffentlecher Gesondheet oder an der Liewensmëttelindustrie.
Am Spidol schafft si/hien enk mat der Kichen an den Ekippen zesummen, fir equilibréiert Menue auszeschaffen, d’Iesse jee no Krankheetsbild unzepassen, d’Qualitéit vun de Platen ze kontrolléieren an d’Patientinnen a Patienten duerch personaliséiert Ernärungsberodung ze begleeden. Si/Hien bedeelegt sech och un der Formatioun vum Fleeg- a Kichenpersonal.
An der Praxis analyséiert si/hien d’Iessgewunnechten, entwéckelt individuell Ernärungspläng a suergt fir eng Begleedung, fir d’Ëmsetzung am Alldag z’ënnerstëtzen. Si/Hien intervenéiert bei Persounen an all Alter a bei verschiddene Situatiounen, zum Beispill bei metabolesche, kardiovaskulären, renalen oder Verdauungskrankheeten, bei Gewiichtsproblemer oder bei Liewensmëttelallergien.
An der Gastronomie dréit si/hien zur Ausaarbechtung vu variéierten an equilibréierte Menue bäi, kontrolléiert d’Hygiène an d’Qualitéit vun de Moolzechten a sensibiliséiert d’Benotzer/innen fir eng gesond Ernärung. Am Beräich vun der ëffentlecher Gesondheet informéiert si/hien d’Bevëlkerung duerch Aktivitéiten, Konferenzen a pädagogescht Material, fir gutt Ernärungsgewunnechten schonn ab jonkem Alter ze fërderen.
An der Liewensmëttelindustrie bedeelegt si/hien sech un der Entwécklung vun neie Produiten, iwwerwaacht d’Erhale vun den ernärungsbezunnen a gesetzleche Normen, erkläert Informatioune fir d’Konsumenten a dréit dozou bäi, d’Qualitéit an d'Sécherheet vun de Liewensmëttel ze garantéieren.
Aktivitéitsberäicher
- Spideeler
- Gastronomie (z. B. Schoulkantinen)
- Wunn- a Betreiungsstrukture fir eeler Persounen
- Liewensmëttelindustrie
- Als Independant schaffen
Formation
- D’Formatioun gëtt zu Lëtzebuerg an am Ausland ugebueden.
- Informéiert Iech beim Ministère fir Fuerschung an Héichschoul, fir Är Studien unzefänken.
- Wichteg: Informéiert Iech am Viraus iwwer d’Unerkennung vum Diplom beim Ministère fir Fuerschung an Héichschoul.