Heilpraktiker·in

Allgemeng Definitioun 

D’Heilpraktikerin/Den Heilpraktiker begleet Persoune vun all Alter, mat enger Behënnerung, déi eng Entwécklungsverzögerung weisen oder Schwieregkeete bei der sozialer Adaptatioun erliewen. Dës Schwieregkeete kënne sensoriell, intellektuell, kierperlech, sozio-affektiv oder psychesch sinn an och Problemer am Zesummenhang mat Suchtverhalen enthalen.

D’Heilpraktikerin/Den Heilpraktiker ënnerstëtzt d’Persounen an hiert Ëmfeld mat ugepassten edukativen, relationalen an therapeuteschen Approchen. Seng Aarbecht baséiert staark op der Relatioun an op enger Analys vun de Schwieregkeeten an de Ressourcen. Dorop opbauend ginn individuell  Interventiounspläng ausgeschafft. Dës sollen d‘Perséinlechkeetsentwécklung, d’Autonomie, d’sozial Participatioun, d’Léierprozesser an allgemeng déi perséinlech Kompetenze fërderen.

Aufgaben an Verantwortung 

D’Heilpraktikerin/Den Heilpraktiker bitt psycho-edukativ Ënnerstëtzung fir Persoune mat spezifesche Besoinen a begleet si an hirer Entwécklung, hirer Autonomie an hirer sozialer Integratioun. Si/Hien kann zum Beispill engem Kand hëllefen seng Emotioune besser ze geréieren oder en/g Teenager/in ënnerstëtzen, deen Adaptatiounsschwieregkeeten huet.

Si/Hien intervenéiert och fréi, wann déi éischt Zeeche vu Schwieregkeeten optauchen, andeems si/hien d'Situatioun analyséiert a proposéiert séier ugepasste Moossname. Hir/Seng psychocurativ Evaluatiounen erlaben et hir/him, d’Bedierfnesser am sensoriellen, mentalen, kierperlechen oder verhalensbezunne Beräich – oder am Zesummenhang mat Sucht – z’erkennen, fir déi néideg Interventiounen ze bestëmmen.

Hir/Seng Roll ëmfaasst och eng kontinuéierlech Begleedung, bei där si/hien seng Ënnerstëtzung un d’Entwécklung vun der Persoun upasst. Als Beroder/in ënnerstëtzt si/hien och Elteren a Fachleit, andeems si/hien hinnen hëlleft d’spezifesch Besoine besser ze verstoen an hir Praxis unzepassen, zum Beispill andeems si/hien d’Kommunikatioun erliichtert oder passend edukativ Strategië recommandéiert.

An Zesummenaarbecht mat enger multiprofessioneller Ekipp dréit si/hien dozou bäi, datt déi therapeutesch Approchen, déi ëmgesat ginn, kohärent a gutt openee ofgestëmmt sinn.

Aktivitéitsberäicher

  • Spidolsariichtungen: Psychiatrie- oder Kanner- a Jugendpsychiatrie
  • Zentren a Servicer fir Kanner mat spezifesche Besoinen
  • Grondschoul: D’Heilpraktikerin/Den Heilpraktiker ass Member vum multiprofessionelle Support-Team fir Schüler/innen mat besonneschen oder spezifesche Bildungsbesoinen
  • Hëllefsservicer fir Kanner, Jugendlech a Familljen
  • Wunn- a Betreiungsstrukture fir Persounen mat Behënnerung
  • Sozial a medezinesch-sozial Strukturen
  • Selbstänneg schaffen

Ausbildung