Reeducateur·trice an der Psychomotorik

Allgemeng Definitioun

D’Reeducatrice an der Psychomotorik/De Reeducateur an der Psychomotorik ass spezialiséiert op d’klinesch Evaluatioun, d’Begleedung an d’Reeducatioun vu psychomotoresche Stéierunge bei enger Persoun an all Liewensphas, vum Neigebuerene bis bei déi eelst Persounen. Si/hien huet d’Zil, d’Gläichgewiicht tëscht de motoresche Funktiounen – wéi Beweegung a Koordinatioun – an de psychesche Funktiounen – wéi Emotiounen – erëm hierzestellen oder ze verbesseren. Hir/seng Interventioun berücksichtegt motoresch, kognitiv, affektiv a relational Aspekter.
D’Zil vun enger psychomotorescher Betreiung ass et, der Persoun ze hëllefen, hire Kierper erëm bewosst ze erliewen an sech besser un hiert Ëmfeld unzepassen.

Aufgaben a Verantwortung

D’Reeducatrice an der Psychomotorik/De Reeducateur an der Psychomotorik mécht eng strukturéiert Evaluatioun vun de psychomotoresche Funktiounen, dorënner den Tonus, d’Kierperhaltung, déi grob a fein Motorik, d’Kierperschema an d’raum-zäitlech Orientatioun, fir méiglech Dysfunktiounen z’identifizéieren an eng präzis Diagnos ze erstellen.

Si/Hien entwéckelt a setzt e personaliséierte Reeducatiounsprogramm ëm, baséiert op spezifeschen Techniken, wéi kierperorientéiert Methoden, Relaxatioun oder motoresch Aktivitéiten, déi un den Alter an d’Bedierfnesser vun der Persoun ugepasst sinn. Hir/Seng Interventioun huet d’Zil, der Persoun ze hëllefen hir Emotioune besser ze reguléieren, hir Koordinatioun, hir Konzentratioun an d’Organisatioun vun de Beweegungen ze verbesseren an hir Autonomie am Alldag ze stäerken. Si/Hien schafft a Kollaboratioun mat Dokteren an anere Fachleit aus dem Gesondheets-, Educatiouns- a Sozialberäich.

Aktivitéitsberäicher

  • Spideeler, besonnesch an de Maternitéen, an de Servicer fir Neonatologie, an der Pediatrie, an der Erwuessenenpsychiatrie oder der Kanner- a Jugendpsychiatrie, souwéi an der Geriatrie, Neurologie, asw.
  • Therapeutesch oder Reeducatiounszentren
  • Servicer fir Begleedung a Precoce Hëllef
  • Schoulescht a sozio-edukatiivt Ëmfeld
  • Als Independant schaffen

Ausbildung