Melinda, Infirmière an der Pediatrie

D'Melinda huet sech ënner besonneschen Ëmstänn ganz fréi fir de Beruff vun der Infirmière an der Pediatrie entscheet. Zanter dräizéng Joer schafft si an der Kannerklinik an der Neonatologie, enger ganz spezifescher Intensivstatioun. Mat hirer Equipe këmmert si sech ëm Neigebuerener, besonnesch ëm Fréigebuerten, awer och ëm hir Elteren.